|
|
Wourun erkenne mir wirklech déi gutt Produkter, an wéi mierke mir datt een eis iwwert d'Ouer haën wëll? |
Alles, waat keng Moos huet, sollt eis stutzech maachen.
Do wiiren dann emol déi extra "bëlleg" ugebueden Produkter. €10 bis €15 den 0.50 oder 0.75 Liter Sie schmaachen no Multivitamin mat Aloe Vera "entpricht 100% Aloe Vera Saft - aus Konzentrat 200:1" kann een oft dorop liesen. Oder si sinn richteg deier, alt bis zu 80€ de Liter, gesinn aus wéi Wasser, an schmaachen och esou. - Dann ASS et och meeschten bal nëmmen Wasser! Secher, drenken kann een se all, awwen dann ass et nët verwonnerlech, dass déi Leit fannen, dass d'Aloe och halt esou een Trick ass fir engem d'Geld aus der Täsch ze zéien ... an an deem Fall hun se och absolut Recht.
Wourun erkennt een dann elo op den ALOE OK ass?
Richteg gudd Aoe Gedrenks enthält Fruuchtstecker, sou, wi wann een eng Orange ausgedreckt huet. Et ass vu liicht gieler Faref an schmaacht nett all ze attraktiv, nët séiss, liicht "Pamplemousseg" ... eben no ALOE - (Dir kënnt se bei äis schmaachen - daat ass daat einfachst!) Trotzdem, dass et ALOE "GEL" heescht ass et flesseg, an nett Gellyarteg - Den Num GEL kënnt dohir dass en aus dem Gel aus dem Blaat gewonnen gët. - Iweregens nom Gesetzt kann een beim Gedrenks "100% Aloe Vera Gel" schreiwen, an esou vill Wasser bäimeschen, wi een wëllt. An dobai brauch een d'Wasse nëtt emol op der Etikett ze ernimmen!
Cremen an aaner Präparater fir op d'Haut MUSSEN entpriechent Europäeschen Gesetzer d'Inhaltsstoffer an der Reihenfolleg vum héchsten op dén klengsen Inhaltsundeel opzielen. - Wann als éischt ALOE VERA dropp steet, dann ass alles OK! Steet awwer d'Aloe an der géigent vum Parfum (Fragnance) oder nach méi wäit ennen, dann loost d'Fanger dervun - Hei hutt Dir een Mannerwärdecht Produkt an der Hand, an et ass säi Gelt bestemmt nëtt wärt! Daat selvecht Zielt iwweregens, wann vir d'éischt Wasser (AQUA) dropsteet ...deen wou et éierech mengt, deen produzéiert an Aloe-Produkt mat Aloe ans BASIS-Bestanddeel.