ODER     UND  

Froen an Äntwerten zu ALOE VERA ...

  D O W N L O A D S 

 

PANDEMIE GRIPPALE

 

 

 

Home
Lëtzebuergesch ?!?
Geld verdingen

 

    Wellkomm op eiser lëtzeburgescher Säit   

Fir d'éischt een klengen Iwwerbléck, wat mech beweegt huet fir eng Internetsäit iwwert déi gutt Eegenschaften vun der Aloe vera op d´Been ze stellen.

Et wor eng Fernsehemissioun, d´Hobbythek mam Jean Pütz, déi mir Hoffnung gemaacht huet, mam drénken vum Aloe Gel mäin Soud (chronesch Gastrite), den trotz Medikamenter ëmmer schlëmmer gouf, ënner Kontroll ze kréien.

Nodéms ech zwee verschidden Produckter ausprobéiert haat, an dropp an drun war d´Knëppelen bei d'Tromm ze geheien, dunn hun ech e Gedrénks entdeckt wou mir erzielt gouf, dëst wär ganz anescht e wéi all déi aner. Äusserst skeptesch sot ech mir: "Op ee Versuch méi oder manner kënnt et och nët un .." an wéi ech no 3 Wochen regelméissegem Drénken näischt méi vun menger Gastrite gespuet hun, du war ech schons erstaunt. Dobäi koum och nach datt ech Energie haat fir Beem auszerappen ... an dat hält un bis haut! Ech hun dunn ville Leit vun mengen gudden Erliewnesser erzielt, an hu missen feststellen, dass ech nët den eenzegen war, mat esou Problemer.

Meng eegen gutt Erfahrung, an déi vill positiv Berichter vun Leit ëm mech, motivéieren mech fir méiglechst villen Leit dei gutt Effekter vun der Aloe vera, an enger nährstoffräicher Liewensweis (dat huet näïscht mat Kalorien ze dinn) méi no ze bréngen.

Méin Zil ass Iech iwwert d'Uwendung vun der d'Aloe an vun aaneren sënnvollen Nahrungsergänzungen ze informéieren, an domat op folgend fundamental Froën Aentwerten ze ginn:

Aufzählung

"Aloe vera, Dichtung an Wourëcht" - oder - wat däärfe mir erwaarden, a wat gehéiert an d'Reich vun den Dreem?

Aufzählung

Wourun erkenne mir wirklech déi gutt Produckter, an wéi mierke mir datt een eis iwwert d'Ouer haën wëll?

Aufzählung

Wéi eng Garantien fir eng gutt Qualiteit gin et?

Aufzählung

Besteet beim Drénken vum Aloe Vera Gel e Risiko, op wat muss een oppassen?

Aufzählung

Wou kann een gutt Produckter fannen, an wat däärfen se kaschten?

 

An schlussendlech sin ech ganz Ouer fir är Froen, Uregungen an Témoignagen. Schliisslech liewt eng Internetsäit och vum "Input" vun hieren Besicher.

Et bleift mir, all denen e grousse Merci ze soen, déi mech ouni midd ze ginn ënnerstëtzen, ménger besserer Halschent dem Li, eisen Bouwen Sam an Steve, an méngem Brudder Gilles ouni den et déi hei Internetsäit nët géif gin.

Elo wënschen ech Iech eng intressant Lekture, an eng gutt Gesondheet.

Ären

Serge Bernard

Produkt- a Praislescht


• Home • Lëtzebuergesch ?!? • Geld verdingen •
 
Fir Froen iwert d'Websait, contacteiert w.e.g. eisen webmaster
Bei Fragen zur Webseite, kontaktieren Sie bitte unseren webmaster
Pour des questions sur notre page web, veuillez contacter notre webmaster
For any questions on our webside, please conatact our webmaster
Copyright © 2005 HealthCoach International
latest update 18-03-06